Zielpublikum : Erwachsene
Veranstalter :
Veranstaltungsort : CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Straße : 1 place Marie-Adélaïde
Haus/ Gebäudenummer :
Postleitzahl : L-9063
City : Ettelbrück (lu)
Eintrittspreis : 12 / 0
Webseite : hier klicken
Tel :
Email :
Jenny Spielmann, Konzept, Erzielung. Béatrice Rauchs, Piano. Mariette Lentz, Gesang. Sandrine Cantoreggi, Gei. Isabel Van Grysperre, Gei. Sophie Urhausen, Braatsch. Raju Vidali, Cello. Sébastien Duguet, Klarinette. Michelle Kleyr, Projektioun. Alexander Lichtenberger, Kostümer.
E Villchen, deen net méi fléien a sange kann? De klenge Vigelchen Aaron verléiert enges Dags béid Fäegkeeten a seng wonnerschéin faarweg Fieder, déi hien ëmmer besonnesch gemaach huet. Awer amplaz opzeginn, mécht hie sech op d'Sich fir seng Stëmm erëmzekréien a fënnt ënnerwee méi wéi ë geduecht hätt: eng Aventure, nei Frënn, an d'Gefill endlech dozou ze gehéieren. D'Kammerata Luxembourg, zesumme mam Jenny Spielmann, erziele mat an duerch d'Musek, déi ënnert anerem vu jiddeschen Vollekslidder inspiréiert ass, d'Geschicht vum Aaron, sengem speziellen Don a sengem Wonsch no Famill.
Eng Produktioun vun Kammerata Luxembourg, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck an dem Kulturhaus Niederanven.