Zielpublikum : Erwachsene
Veranstalter :
Veranstaltungsort : CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Straße : 1 place Marie-Adélaïde
Haus/ Gebäudenummer :
Postleitzahl : L-9063
City : Ettelbrück (lu)
Eintrittspreis : 5 / 0
Webseite : hier klicken
Tel :
Email :
(Titel an der Broschür: Professionaliséierung vun der Medielandschaft: Entwécklung vun engem lokal-regionalen zu engem globale Player)
Yves Steichen (Centre national de l'audiovisuel), Referent.
Eng Particularitéit vun der lëtzebuergescher Presselandschaft wor et, dass d'Dageszeitungen ("Luxemburger Wort", "Tageblatt", "Lëtzebuerger Journal", "Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek", an zënter 2001 respektiv 2007 och "Le Quotidien" an "L'Essentiell") laang Zäit de Monopol op der Informatiounsvermëttlung a Meenungsbildung zu Lëtzebuerg haten an no politescher Loyalitéit abonnéiert a gelies goufen. Nodeems fir d'éischt e lëtzebuergeschsproochege Radio- (1959, "Radio Lëtzebuerg") an dono Televisounsprogramm (1969, "Hei Elei Kuck Elei") dëse Monopol opgebrach hunn, huet déi geschriwwe Press säit den 90er Jore virun allem mat den Erausfuederunge vum 'digitale Wandel' ze kämpfen: Entpolitiséirung vun der politescher a medialer Landschaft, nei Generatioune vu Mediekonsumenten, Online- a partizipative Journalismus, 'Blogosphär', 'Paywalls' a 'Fake News' - déi 'digital Transformatioun' ass en internationale Phänomen, deen och an der lëtzebuergescher Mediewelt eng Rei technesch wéi inhaltlech-ideologesch Upassungsprozesser mat sech bruecht huet.
Dëse Virtrag soll dem interesséierte Public en Iwwerbléck ginn iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Press virun a während dem digitalen Zäitalter.
Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l'audiovisuel.