08.03.2020 > 08.03.2020
Musik
D'BREMER STADTSMUSIKANTEN

Zielpublikum : Alle

Veranstalter :

Veranstaltungsort : Kinneksbond, Centre Culturel Mamer

Straße : ROUTE D'ARLON 42

Haus/ Gebäudenummer :

Postleitzahl : L-8210

City : Mamer (lu)

Eintrittspreis : 15 / 0

Webseite : hier klicken

Tel :

Email :

Eng musikalesch Rees duerch d'Mäerchen vun de Gebridder Grimm fir Kanner ab 5 Joer. 

Jorelaang um Haff murksen ouni e gutt Wuert a gesonde Kascht... den Iesel, den Hond, d'Kaz an d'Hong si schappeg drun an hunn es sat! De Meeschter wëll se ëm den Eck bréngen, awer ier et souwäit ass, maache si sech aus dem Stëpps. Ma wat kann e scho maachen, wann een al a midd ass? Virun engem Duerf fale si sech iwwert d'Féiss a fannen eraus, datt se alle véier gäre Musek maachen. All Déier huet seng eege kleng Melodie. Ui, ui, ui, wat eng Kazemusek ... awer mat e bëssen Übung klengt et op emol guer net sou schlecht! Vun elo un zéie si zesumme weider ? et reest sech nämlech besser zu féier wann een al a midd ass. Ma wou solle se nëmmen hi goen? "Komm mir ginn op Bremen", seet d'Hong. "Hei an do gi mer an d'Musek! Ech hunn nämlech gelies si siche Leit!" 

Wäerte si et fäerdeg brénge fir mat deenen aneren zesummen ze spillen an eng Band ze grënnen, eng Band di staark a lëschteg ass? Wie wäert den Déiere bei dëser aussergewéinlecher a musikalescher Rees hëllefen? 


KANNERBICHERMAART
08.03.2020 | 14:00 ? 18:00

Och dëst Joer ginn eng Dosen Editeuren iech Rendez-Vous fir e Nomëtteg voller Iwwerraschungen a flotte Geschichten. De Programm vun de Liesunge gëtt spéider ugekënnegt.

Fraïen Entrée 

Filmtipps des Tages
Der Medicus auf 3 SAT um 20:15