18.11.2019 > 18.11.2019
Weiterbildung & Konferenzen
WEIDER MAM JABEL: LËTZEBUERGESCH NOM 2. WELTKRICH - FERNAND FEHLEN

Zielpublikum : Erwachsene

Veranstalter :

Veranstaltungsort : CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck

Straße : 1 place Marie-Adélaïde

Haus/ Gebäudenummer :

Postleitzahl : L-9063

City : Ettelbrück (lu)

Eintrittspreis : 11 / 0

Webseite : hier klicken

Tel :

Email :

Fernand Fehlen (Université du Luxembourg), Referent.

Am zweete Weltkrich war Lëtzebuergesch d'Symbol vun der nationaler Onofhängegkeet. Bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 huet eng grouss Majoritéit "Lëtzebuergesch" als "Muttersprache" uginn, obschonn déi deemoleg Wëssenschaft an de Besatzer gesot hunn, si wär e muselfränkeschen Dialekt. Mee wéi de Krich bis eriwwer war, huet sech kaum eppes um eigentleche Sproochgebrauch changéiert. Och d'Astellunge vis-a-vis vun den dräi Landessproochen hunn sech eréischt lues a lues geännert. D'Sproochegesetz vun 1984, dat dem Lëtzebuergeschen den offizielle Statut vun enger Nationalsprooch ginn huet, ass nëmmen eng Etapp op dësem laange Wee. Wien huet sech fir dëst Gesetz agesat a wien huet et gebremst? Net déi Haaptprotagonisten - Lex Roth, Fernand Hoffmann a Guy Rewenig - , mee déi gesellschaftlech Kräften, déi sech hannert dëse profiléieren, sollen am Mëttelpunkt stoen. Den eigentlechen, fulminanten Opschwong vun der Lëtzebuerger Sprooch kënnt eréischt am Ufank vum 21. Joerhonnert. Och do gëllt et, déi sozio-ekonomesch Ressorte vun där Dynamik ze beschreiwen. Wéi geet et weider? Wat sinn d'Erausfuerderunge vu muer? Kee vun ons kann an d'Zukunft kucken, trotzdeem zeechnen sech verschidden Zeenarioen elo schonn of.



Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D'Aschreiwung gitt am Kader vun den éischten dräi Konferenze sur place gemaat.

Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l'audiovisuel.


 

Filmtipps des Tages
The Cold Light of Day auf TELE 5 um 20:15
Die Mumie - Das Grabmal des D... auf VOX um 20:15
Das Vermächtnis der Tempelritter auf DISNEY CHANNEL um 20:15