27.11.2019 > 27.11.2019
Theater & Kabarett
3 SCHWËSTEREN

Zielpublikum : Alle

Veranstalter :

Veranstaltungsort : Kinneksbond, Centre Culturel Mamer

Straße : ROUTE D'ARLON 42

Haus/ Gebäudenummer :

Postleitzahl : L-8210

City : Mamer (lu)

Eintrittspreis : 20 / 0

Webseite : hier klicken

Tel :

Email :

De grousse Klassiker vum Anton Chekhov an enger fräier Beaarbechtung op Lëtzebuergesch vum Ian De Toffoli.

Dem Anton Chekhov säi Stéck Dräi Schwësteren zielt d'Geschicht vun de Geschwëster Prosorow ? dem Olga, Irina a Mascha ? déi vun engem bessere Liewen dreemen, mee et net fäerdeg bréngen, sech selwer aus hirer Onloscht a Liewensmiddegkeet erauszerappen. Well obwuel déi dräi Schwëstere gebild sinn an aus enger gudder Famill kommen, där et un näischt feelt, komme si net aus engem festgefruere "Waarden op eppes Besseres" eraus. Si si passiv Figuren, déi midd hiren eegenen Ënnergang materliewen. Deen Zoustand ? sou ass d'Stéck oft interpretéiert ginn ? steet paradigmatesch fir den Zoustand vun der russescher Bourgeoisie ëm 1900, kuerz virun der Revolutioun: eng Gesellschaftsschicht ouni Ziler an Ambitiounen, déi trotz materieller Sécherheet, onfäeg ass, der Societéit an éierens enger Form nei Impulser ze ginn. 

D'Adaptatioun vum Ian De Toffoli, a Lëtzebuerger Sprooch, projezéiert dës Thematik op eng haiteg Generatioun vu lethargeschen an onerfëllte Millenials, déi, duerch hire Wonsch no Selbstverwierklechung ? d'Ëmzéien an d'Groussstad, d'grouss Léift, déi befriddegend Aarbecht, de politeschen Engagement ? paralyséiert sinn. Et ass de Portrait vun dräi jonke Fraen aus enger westeuropäescher héijer Mëttelschicht, déi, well se alles hunn, net wësse wat se mat sech ufänke sollen, an deene lues a lues kloer gëtt, datt, an der aktueller Gesellschaftskris, hiren onbeschwéierte Liewensstil op en Enn kënnt. 

Filmtipps des Tages
The Cold Light of Day auf TELE 5 um 20:15
Die Mumie - Das Grabmal des D... auf VOX um 20:15
Das Vermächtnis der Tempelritter auf DISNEY CHANNEL um 20:15