03.12.2016 > 03.12.2017
Spektakel
PLAKEG A MAT VILL GEJÄIZ

Zielpublikum : Jugendliche, Erwachsene, Senioren

Veranstalter :

Veranstaltungsort : ARCA Bertrange

Straße : rue Atert

Haus/ Gebäudenummer : 17

Postleitzahl : 8051

City : Bertrange (lu)

Eintrittspreis : 8 / 0

Webseite : hier klicken

Tel : +352 263 123 40

Email : joelle.flammang@bertrange.lu

(Leider gibt es für diesen Eintrag keine Beschreibung auf Deutsch)

Hannert dem Titel "Plakeg a mat vill Gejäiz" verstoppt sech och des Kéier erëm e ganz ofwiesslungsräiche Mix aus flotter Musek, Clownerien a Pantomime, an natierlech mat ville lëschtege Sketcher aus der eegener Fieder, an och garantéiert alles jugendfräi.

Leider dréit bäi eis nach ëmmer net alles ronn. Mä éierlech, bäi wiem ass dat schonn de Fall? Dir kennt dat dach och: méi oder manner peinlech Alldags-situatiounen, an deenen een sech ongewollt bloussgestallt spiert, an awer muss e Faarf bekennen. T’ass fir ze jäizen. Mä, nobody is perfect !

An dem Sënn invitéieren mir all Betraffen op e lëschtegen an turbulenten Owend, wou definitiv all Hännes Geleeënheet wäert kréien fir iwwert sech selwer ze laachen.... an all déi aner dierfen si dobäi äifreg ënnerstëtzen.

No deem onerwaart grousse Succès vun der éischter Editioun (mat 15 Virstellungen uechter d’Land) starten mir also elo ab dem 3. Dezember eng nei Offensiv op déi lëtzebuerger Laachmuskelen, also weiderhin fräi nom Motto ‚Laache fir e gudden Zweck!‘. De Benefice geet nämlech och des Kéier integral un d’Association EBS – Ecole de Brousse au Senégal Lëtzebuerg (www.ebs-luxembourg.com).
Mir géifen eis jiddefalls op e flotten Owend mat Iech freeën!

Filmtipps des Tages
Alexander auf KABEL EINS DOKU um 20:15